Iech alleguer vu ganzem Häerz e wonnerbaart neit Joer!
Domatt gëtt et Zäit fir e Fazit vun der 1. Hallschent vun der Saison.
Eis 1. Ekipp huet leider hir "Ofstiegsfinall" am leschte Match verluer a muss elo an der 2. Divisioun untrieden, wou och eis 2. Ekipp weider vertrueden ass. Obwuel déi eng richteg gutt 1. Ronn gespillt hunn, stinn eis Spiller um Enn mat 1 Punkt Retard op der ondankbarer 3. Plaz. Et muss een hinnen héich urechenen, dass si opgrond vun immens villen Absencen de leschte wichtege Match zu 3 gespillt hunn, fir der 1. Ekipp ze hëllefen an der 3. den Opstieg z'erméiglechen. Déi 3. Ekipp huet hiere Match gemat an dierf elo an der 3. Divisioun spillen, wou se och sollt higehéieren. Eis 4. Ekipp sammelt weider Erfarung an huet schonn e puer Matcher gewonn. Emol kucken, wat si ab Januar fäerdeg bréngen...
D'Matcher vun der 2. Ronn fannt Dir déi hei um Site.
- Cadets
Opgrond vu villen Ofmeldungen huet eis 1. Ekipp am direkte Vergläich verpasst, d'Divisioun ze halen an trëtt an der 2. Phas an der 4. Divisioun un, grad wéi déi 2. Ekipp. Mir gleewe fest drun, dass si direkt erem opsteigt. Déi 2. Ekipp besteet quasi exclusiv aus "Neien" a wäert wertvoll Erfarung sammelen.
Da wëlle mer Iech all schonn op eisen Tournoi den 8. Februar zu Krautem z'invitéieren, fir dee weider Détailer geschwënn nokomme wäerten...