Historesches

Den DT Beetebuerg/Peppeng 2025

1999 hunn sech 2 Nopeschveräiner aus der Dëschtenniswelt, Beetebuerg a Peppeng, zesummegedoe fir en neie Club ze grënnen. Esou gouf den 20. Mee 1999 an de Generalversammlunge vun deenen 2 Veräiner beschloss, ze fusionnéieren, an den 1. Juni gouf den DT Beetebuerg/Peppeng „gebuer“.

Wie waren dann déi 2 Partner virun hierer Fusioun?

  • DT Beetebuerg

Den „eelere“ vun deenen 2 ass kuerz nom Krich 1945 am Café Gaul zu Beetebuerg gegrënnt ginn. 1. Präsident war de Patron vum Bistro, de Jang Gaul. Et dierf ugemierkt ginn, dass deem säi Jong em en etleches méi bekannt war wéi hie selwer. De Charly huet net nemme seng Elteren houfreg gemat, mee enner anerem mat sengem Succès beim Tour de France 1958 d’ganz Welt op Lëtzebuerg opmierksam gemat.

Mee zréck bei den Dëschtennisclub, deen seng éischt Matcher op der zougedeckter Keelebunn vu sengem Stammlokal ausgedroen huet an 1946 schonn eng 2. Ekipp an d’Championnat gemellt huet. Aus Plazgrënn sinn d’Matcher dunn an 2 anere Caféë gespillt ginn, éier et an de Sous-sol vun der neier Beetebuerger Schoul op d’Plättercher gaang ass. Eng Rei Joere méi spéit huet d’Gemeng dunn e Sall an der Sportshal mat engem „richtege“ Sportsbuedem zur Verfügung gestallt.

Sportlech war de Club op héijem Niveau ennerwee: déi 1. Ekipp huet 8 Joer an der héchster Divisioun opgeschloen a koum 2 Mol bis an d’Coupefinall. Lues a lues sinn awerméi kleng Bréidercher gebak ginn…

  • DT Peppeng

Am Café Pater zu Peppeng, wou am Sall niewt der Keelebunn schonn eng Zäitche mam wäisse Bällche gereibert gouf, ass 1954 den DT Peppeng enner der Régie vum Léo Schiltz, dee bis 1983 sollt Präsident bleiwen, als 1. Sportsclub iwwerhaapt am Réiserbann aus der Wéi gehuewe ginn. Déi Veräinsgrënnung ass kurioserweis duerch e Kaméidi bannent de Pompjeeën zustan komm: e puer Membere wollte weider Louse vun der Nationallotterie verkafen an hunn dofir missen e Club grënnen… En etlech Joere sollte perséinlech a politesch Streideren dem Veräin schueden, bis e vun der Gemeng adequat finanziell a logistesch ennerstëtzt gouf, a säi Sallprobleem geléist war.

Sportlech hat den DT Peppeng esouwuel kollektiv wéi individuell vill opweises. Niewt enger Rei Nationalspiller gouf d’Dammenekipp 1962 Champion, grad wéi hier männlech Kolleegen 1 Joer virun der Fusioun 1998. Mat der Jugend konnten esouguer 8 Landesmeeschtertittele gefeiert ginn.

Säit 1961 huet de Club all Joer säi “Grand-Prix de Peppange“, organiséiert, en individuellen Tournoi, dee laang Joeren och vill auslännesch Spiller an d’Crauthemer Sportshal gezunn huet.

  • DT Beetebuerg/Peppeng

Wéi vill aner Associatiounen waren och déi 2 Dëschtennisveräiner vu Bénévollen ofhängeg, déi ganz vill Energie a Fräizäit fir hiere Sport a seng Adepte geaffert hunn. An deeër Idealiste wuesse keng op de Beem, an et geheien der emmer emol aus ennerschiddleche Grënn d’Bengele bei déi berüümt Tromm. Doniewt si schon Enn vum leschte Joerhonnert déi administrativ Ufuerderunge méi grouss ginn (wat nach a kengem Verglach zu der Situatioun 2025 steet), a verschidden Aktiver hunn emmer méi héich Uspréch gestallt oder wollten sech net méi um Veräinsliewe bedeelegen.

Esou koum et dann dozou, dass déi Verantwortlech vun deenen 2 Nopeschveräiner sech zesummegesat hunn a kuerz virum „Millenium“ den DT Beetebuerg/Peppeng an d’Liewe geruff hunn, dee Spiller an Dirigenten aus den 2 Clibb vereent. Mee an deem neie Club huet et bis op wéineg Ausnamen un Nowuess gefeelt, esou dass knapps 10 Joer no der Fusioun bal just nach eng kleng Dosen „Oldien“ aktiv waren.

A wéi d’Schicksal et wollt, gouf et grad dunn am Nopeschveräin zu Diddeleng e gréissert Donnerwieder, wat dozou gefouert huet, dass eng 10 Spiller hierer Heemecht de Réck gekéiert hunn a sech dem Fusiounsveräin ugeschloss hunn.

Dank 2 Pionnéier, déi sech mat vill Häerzblutt beméit hunn, e Jugendtraining opzebauen, huet da lues a lues den Nowuess de Wee an d’Hal fonnt. Haut beteien 3 Traineren, dovun ee mat der héchster Qualifikatioun, eis Jugend. Leider bezuele mer awer emmer erem de Präis vu gudder Jugendaarbecht. An de leschte Joeren sinn emmer erem eis bescht Jonker, dorënner den aktuelle Landesmeeschter vun den U10, vu méi grousse Veräiner gelackelt ginn, esou dass mer eng wieder Kéier ganz ënnen hu missen ufänken.

De Summer 2024 huet e groussen Emschwong fir de Veräin bruet. No ville Joeren an „eisem“ Sall an der Sportshal si mer an d’Reebouhal geplënnert, wat kee „rengen Dëschtennissall“ méi ass a wou mer eis Repèren nach musse fannen. Dobäi ennerstëtzt d’Gemeng eis esou gutt et geet am Kader vun hiere Méiglechkeeten.

 

 

Mir traueren em déi, déi eis ze fréi verlooss hunn