Joseph Frisch

Mir traueren em eise laangjährege Sekretär, Präsident an Eierepräsident, de Joseph Frisch. De Jos., Grënnungsmember vum DT Beetebuerg,
ass e Freideg, 6. Dezember am Alter vun 93 Joer gestuerwen.

Mat him verléiere mer e gudde Frënd, deem eise Veräin immens vill ze verdanken huet. Mir erbidden der trauernder Famill eist häerzlechst Bäileed.

 

Jochen Ruge

Jochen_resize

Den 30. Oktober 2009 huet eisen treieste Supporter eis fir emmer verlooss. De Jochen Ruge wor während iwwer 50 Joer (!) Comitésmember vum DT Beetebuerg, a spéider vum DT Beetebuerg/Peppeng.

Mat him verléiere mer e formidabele Kolleeg, deen emmer an eiser Mëtt wor, a gudden an a schlechten Zäiten.

Jochen, mir sinn all houfreg, Dech esou laang als Frënd kannt ze hunn a waerten Dech nie vergiessen.

Merci fir alles.

Für den Inhalt dieser Seite ist eine neuere Version von Adobe Flash Player erforderlich.

Adobe Flash Player herunterladen

DT Beetebuerg-Peppeng Centre Sportif 30, rue Polk L-3275 Bettembourg Tél. 26 51 56 1