Bei de Seniors a Cadets ass d'Championnat 2022/23 gelaf, mam Verdikt, dass déi nächst Saison eis 1. an 2. Ekipp wuel allenzwee wäerten an der 2. Divisioun untrieden.

Mir sinn awer houfreg op eis 1. Cadetsekipp, déi ongeschloe Champion vun der 1. Divisoun gi sinn.

Chapeau!

Déi nächst 3 Samsdeger stinn nach d'Championnater bei de Jeunes a Minimes un, an den 13. Mee si mer iwwerdeems bei der Nuit du Sport engagéiert.

Fir eis Generalversammlung kënnt Der Iech schonn den Datum vum 6. Juni notéieren.



Loscht op Ping Pong?
 
Kanner- a Jugendtraining
(vu 7 Joer un)
Dënsdes an Donneschtes vun 18:00 bis 19:30
am Dëschtennissall

Erwuessener a fortgeschratte Jugendlecher

Dënsdes an Donneschtes 19:30 bis 21:30

 

DT Beetebuerg-Peppeng Centre Sportif 30, rue Polk L-3275 Bettembourg Tél. 26 51 56 1