D'Saison bei den Erwuessenen ass gelaf an eis Aktiv hunn, esou gutt et jidderengem méiglech war, mat vollem Asaz fir de Club gekämpft.
Eis 1. Ekipp huet eng excellent Saison op der 3. Plaz ofgeschloss a behällt eng kleng Hoffnung, fir den Opstieg an d'Promotioun repêchéiert ze ginn.
Déi 2. Ekipp huet heiansdo missten Absencë kompenséieren, mee sech als Opsteiger am Mëttelfeld gehalen, wat den Erwaardungen entsprécht.
Bei der 3. Ekipp hunn e sëllegen Ofmeldungen dozou gefouert, dass d'Zil erem opzesteigen, kloer verfeelt ginn ass. Mat méi grousser Solidaritéit packe mer dat dann déi nächst Saison!
Eis "nei" 4. Ekipp huet wäertvoll Erfarunge gesammelt a schonn eng Rei Matcher gewonn. Spaass haten si op alle Fall emmer.
Och bei eise Cadets gesi mer e kloeren Opwäertstrend, deen et elo nach am Minimeschampionnat ze confirméiere gëllt.
Mir bieden iech, elo schonn den Owend vum 4.6. ze reservéieren, wou mer eis Generalversammlung am Restaurant San Marino zu Peppeng ofhalen.